„Ziel mir keng!“: Kënschtlech Intelligenz: Wat, wéi, wéini?

Wat ass kënschtlech Intelligenz? Wéi funktionéiert se? A wäerte mer et iergendwann mat enger KI ze di kréien, déi méi intelligent ass wéi d'Mënschen?

Kënschtlech Intelligenz (KI) gëtt et scho laang, de Begrëff gouf an de 1950er Jore gepräägt. Ma spéitstens zanter d’Firma Open AI vrun e puer Méint hier Programmer Chat GPT an DALL-E fir jiddereen zougänglech gemaach huet, ass KI zum Hype ginn.
An dëser Episod vun „Ziel mir keng!“ erkläert d’Equipe vu science.lu wat KI ass a wéi eng KI mat Hëllef vu „machine learning“ léiert. An Zesummenaarbecht mat Neon Internet präsentéiert si och e puer visuell Beispiller, wéi een haut mat KI kann ouni vill Opwand Saache man, fir déi ee virdru vill Zäit a Geld gebraucht hätt.
RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu