„Ziel mir keng!“: Wat seet d’Wëssenschaft zur 35-Stonne-Woch?
Reduzéiert Aarbechtszäit bei selwechter Pai: Och zu Lëtzebuerg gëtt doriwwer diskutéiert. Mir hunn eis d’Wëssenschaft zu e puer Argumenter ugekuckt.
Laut enger Etüd vun der Chambré des salariés wënschen sech ëmmer méi Salariéen zu Lëtzebuerg manner ze schaffen : den Undeel ass vun 33% am Joer 2018 op 44% am Joer 2021 geklomm. An am Joer 2022 gouf et och eng Rei Petitiounen zum Thema.
An dëser Episod vun „Ziel mir keng!“ huelen d‘Wëssenschaftsvermëttler vu science.lu e puer Argumenter vir oder géint eng 35-Stonnen-Aarbechtswoch ënnert d’Lupp. Si kucke wéi et a Länner ausgesäit, déi scho mat reduzéierter Aarbechtszäit experimentéiert hunn.
RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu
Wichteg ze wëssen: Des Episod vum „Ziel mir keng!“ war schonn opgeholl, éier d‘Studie vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) (am Optrag vum Aarbechtsministère) den 18. Abrëll 2023 presentéiert gouf. Resultater vun där Studie goufen also fir dësen „Ziel mir keng!“ net berécksiichtegt, d’Conclusioune sinn awer änlech.
Allgemeng ass d’Thema vun enger Aarbechtszäitverkierzung komplex. Weider Detailer zum Thema ginn et an engem méi laangen Artikel op science.lu a méi ausféierlech an der Studie vum LISER.