„Ziel mir keng!“: 5 heefeg Feeler an der Statistik
Et heescht jo: Gleef kenger Statistik, déi’s de net selwer gefälscht hues. Ma wat sinn da sou typesch Statistik-Feeler déi eis am Alldag ëmmer nees begéinen?
Grad an Zäite vu Fake News an Alternative Facts ass et wichteg, sech Date genee unzekucken a richteg ze interpretéieren. Statistik ass hei immens wichteg. Ma am Alldag kënnt et ëmmer nees – bewosst oder onbewosst – zu Feeler am Ëmgang mat Statistiken. D’Lucie Zeches an de Jean-Paul Bertemes vum science.lu-Team vum FNR weisen iech dofir hei 5 heefeg Interpretatiouns-Feeler vu Statistiken,a wéi dir se evitéiere kënnt.