„Ziel mir keng!“: Wéi funktionéiere Sondagen?
Am Kader vun de Walen gi jo vill Sondage publizéiert. Wéi funktionéiere Sondagen iwwerhaapt? An op wat muss ee bei der Auswäertung oppassen?
Firwat wëssen Sondagen zimmlech gutt wéi eng ganz Bevëlkerung wäert ofstëmmen, obwuel net jidderee gefrot gouf? Hei kënnt Statistik an d’Spill.
An trotzdeem kënne Sondagen och heiansdo falsch leien. Dat ka verschidde Grënn hunn.
Fir hiert Wëssen iwwer Sondagen ze testen, a rauszefannen op wat ee bei der Interpretatioun sollt oppassen, hunn d‘Wëssenschaftsvermëttler vu science.lu sech an dëser Episod vun „Ziel mir keng!“ eppes Extraes afale gelooss: Si spillen eng Partie „Ziel mir keng-Duell“ – mam Dan Spogen als Special Guest.
RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu