„Ziel mir keng!“: Onfruchtbarkeet – Grënn a Statistiken

Wéi vill Leit trëfft et? Éischter Fraen oder Männer? A wat si méiglech Grënn?

Laut engem Bericht vun der WHO ass all sechste Mënsch op der Welt eemol a sengem Liewe mat Onfruchtbarkeet geplot. Konkret heescht dat: wärend 12 Méint oder méi ongeschützte Geschlechtsverkéier hunn, ouni datt et zu enger Schwangerschaft kënnt.

D’Wëssensvermëttler vu science.lu hu sech lauter Statistiken a wëssenschaftlech Studien zum Thema ugekuckt a ginn an dëser Episod vun „Ziel mir keng!“ ënnert anerem op dës Froen an: Geet d’Onfruchtbarkeet erop- oder erof? U wiem läit haaptsächlech: un de Fraen, oder un de Männer – Stéchwuert Sperma-Kris? A wat si jeeweils méiglech Grënn?

RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu