„Ziel mir keng!“: Wat seet d’Wëssenschaft zu FAKE NEWS?
Firwat fale mir op Fake News a Falschinformatioune ran? Lount et sech se ze widderleeën? A wa jo, wéi mécht een dat am beschten?
D’Michèle Weber an de Jean-Paul Bertemes vum science.lu-Team vum FNR hu sech wëssenschaftlech Studien zu den Theme Fake News a Falschinformatiounen ugekuckt. Sie erkläeren den Ënnerscheed tëscht Fake News, Falschinformatiounen an Desinformatiounen, weisen wéi een sech géint Falschinformatioune schütze kann, an demonstréieren eng effizient Methode, fir Falschinformatiounen ze widderleeën.