„Ziel mir keng!“: Klimawandel zu Lëtzebuerg

Wéi eng Auswierkungen huet de Klimawandel op Staarkreen, Dréchenten, d’Unzuel extrem waarmer Deeg an Nuechten, an d’Nidderschlagsquantitéiten zu Lëtzebuerg?

An dëser Episod vun „Ziel mir keng!“ beschäftegt d’Equipe vu science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) sech intensiv mam Klimawandel, a méi konkret mat den Auswierkunge vum Klimawandel hei zu Lëtzebuerg. Heibäi goufe si ënnerstëtzt vum Andrew Ferrone, Chef vum Service de la météorologie vun der ASTA (Administration des services techniques de l'agriculture), deen ausserdeem de Lëtzebuerger Vertrieder am Weltklimarot (IPCC, Intergovernmental Panel on Climate Change) ass. D'Donneë fir Lëtzebuerg stamen an éischter Linn vun der ASTA, awer och vu Meteolux. Den Andrew Ferrone (ASTA) an de Luca Mathias (Meteolux) hunn d'Fakten am “Ziel mir keng!” iwwerpréift.

RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum FNR lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu