„Ziel mir keng!“: Wéi schlëmm sinn Antibiotikaresistenzen?
De massiven Asaz vun Antibiotiquen huet weltwäit zu enger beonrouegender Verbreedung vu resistente Bakterie gefouert. Hu mer d’Situatioun am Grëff?
Géint Infektioune mat Bakterien hunn d’Medezinner eigentlech gutt Waffen – Antibiotiquen. Mee et ginn ëmmer méi Bakterien, déi resistent géint Antibiotique sinn - also géint déi Antibiotiquen net méi wierken. Dat kéint et an Zukunft erëm méi schwéier maachen, bakteriell Infektiounen ze bekämpfen. D'Equipe vu science.lu kuckt sech an dëser Episod vun Ziel mir keng! u wéi resistent Bakterien iwwerhaapt entstinn, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass, a wou mer dru si mat neien Traitementer.
RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert: e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An elo och um science.lu Tiktok- an Instagram-Kont.
