„Ziel mir keng!“ Wat ass Intergeschlechtlechkeet?

Mann ass Mann a Fra ass Fra, oder?

Wat dat biologescht Geschlecht ugeet, ass et net sou einfach wéi ee kéint mengen, wëll et gi jo och intergeschlechtlech Persounen. Wéi vill Geschlechter ginn et da lo?

Bei LGBTIQ+ steet den I fir Intergeschlechtlechkeet. Ma wat ass dat genee ? Et geet hei em dat biologescht Geschlecht. An do ass et aus biologescher Siicht vill méi komplex wéi ee kéint mengen. D’Lucie Zeches an de Jean-Paul Bertemes vum science.lu-Team vum FNR erkläere wat Intergeschlechtlechkeet ass, wéi beim mënschlechen Embryo dat biologescht Geschlecht entsteet a wéivill Geschlechter et da lo ginn.