„Ziel mir keng!“: Wéi gespléckt ass eis Gesellschaft?

D’Wëssenschaft ka Polariséierung moossen. Wéi eng Länner si staark gespléckt? Wat sinn d‘Trends? A wéi ass et zu Lëtzebuerg?

Wann ee sou an d’Kommentarspalte vu Social Media kuckt, kéint ee mengen mir wieren immens polariséiert. Musse mer also fäerten, datt eis konsensorientéiert Demokratie um Enn ass? Déi gutt Noriicht: d’Wëssenschaft weist e vill méi nuancéiert Bild. Dorop geet d’Equipe vu science.lu an dëser Episod vun Ziel mir keng! an. A stellt ënner anerem fest: Polariséierung huet och gutt Effekter. Ma mir mussen oppassen, dass se net ze staark gëtt, soss gëtt et geféierlech!

RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert:  e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An elo och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).