„Ziel mir keng!“: Wéi entsteet Kriibs?

Bei Kriibs spillen op eemol déi eegen Zelle verréckt. Firwat kréie munch Leit Kriibs, obwuel se ganz gesond liewen? A wéi gutt sinn d’Heelungschancen?

An dësem Ziel mir keng! Video erkläert d’Equipe vu science.lu, wéi Kriibs entsteet, a firwat des Krankheet sou geféierlech ka ginn. An och, wéi eng Roll den Zoufall, d’Liewensgewunnechten, Genen an aner Aflëss spillen. Et ass e schwieregt an trauregt Thema. De Video informéiert iwwert d’Krankheet, a weist awer och wat ee ka maache fir sech ze schützen a wéi staark d’Heelungschancen an de leschte Joren eropgaang sinn.

RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert:  e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An elo och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).