„Ziel mir keng!“: Thema Autismus

Wat genee ass Autismus, wéi gëtt et diagnostizéiert a ginn et ëmmer méi Diagnosen?

Et héiert een dacks, dass et anscheinend ëmmer méi Mënsche mat Autismus-Spektrum-Diagnos ginn. D’science.lu-Equipe vum Luxembourg National Research Fund geet an dëser Episod vun “Ziel mir keng!” op Autismus an: Wat genee ass dat a wéi gëtt Autismus diagnostizéiert? A si ginn der Fro no, ob et ëmmer méi Fäll dovunner ginn a firwat.

RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert:  e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).