„Ziel mir keng!“: Wëssenschaftlech Studie besser verstoen

Wéi gëtt an der Fuerschung Wëssen opgebaut? Wat seet eng eenzel Studie aus? Dat hänkt ënner anerem dervun of, wéi eng Zort Studie et ass.

An der Biomedezin entwéckelt sech d’Wëssen dauernd wieder. An et ass heiansdo eng Erausfuerderung, am Dschungel vun de Studien den Iwwerbléck ze halen. Wat maachen, wann déi eng Studie dat eent seet an déi aner dat anert? Dorëms geet et an dësem Ziel mer keng!-Video vun der Ekipp vu science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR). Si bidden eng Hëllef, fir erauszefanne wéi eng Studie méi relevant si wéi anerer, respektiv wéi an der Fuerschung Wëssen opgebaut a geséchert gëtt.

RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert:  e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).