„Ziel mir keng!“: 5 positiv Noriichten aus dem Ëmweltschutz

Klimakatastrophe, Biodiversitéitsverloscht, Ëmweltverschmotzung, … et gi vill negativ Schlagzeilen. Awer et ginn och positiv Noriichten aus dem Ëmweltschutz.

Wa Wëssenschaft, Gesellschaft a Politik zesumme schaffe ka villes erreecht ginn. Dorobber geet d’science.lu-Equipe vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an hierem neien Ziel mir keng!-Video an, an deem si e puer gutt Noriichten aus dem Beräich Environnement presentéieren.

RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert:  e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).