„Ziel mir keng!“: 4 positiv Noriichten aus dem Ëmweltschutz
Klimakatastrophe, Biodiversitéitsverloscht, Ëmweltverschmotzung … et gi vill negativ Schlagzeilen. Awer et ginn och positiv Noriichten aus dem Ëmweltschutz.
Wa Wëssenschaft, Gesellschaft a Politik zesumme schaffen, ka villes erreecht ginn. Dorobber geet d’science.lu-Equipe vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an hirem neien "Ziel mir keng!"-Video an, an deem si e puer gutt Noriichten aus dem Beräich Environnement presentéieren.
RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert: e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Tëlee, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).
