„Ziel mir keng!“: Quantecomputer – Chancen a Risiken

Wat ass e Quantecomputer? Firwat gëllt en als potenziell revolutionär? A sinn eis Passwierder a Kreditkaarten nach sécher, wann en do ass?

Schonn haut schaffe Wëssenschaftler drun, datt eis Passwierder, Kreditkaarten a Verschlësselunge vu WhatsApp-Chats oder Online-Banking och nach sécher si wann de Quantecomputer bis do ass. Ënner anerem och zu Lëtzebuerg. An hirem neien Ziel mir keng!-Video erkläert d’science.lu-Equipe vum Luxembourg National Research Fund (FNR) nieft der Quantesécherheet och wat e Quantecomputer iwwerhaapt, wat en sou revolutionär mécht, an ob an Zukunft jidderee mat engem Quantecomputer am Handy ronderëm lafe wäert. RTL huet dës Format zesumme mat science.lu vum Luxembourg National Research Fund (FNR) lancéiert:  e Science-Check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu. An och um science.lu Tiktok-(@science.lu) an Instagram-Kont (@science_lu).