Am Takt: CHAiLD an Turnup Tun, ShadoWhispers, All Reitz Reserved an Der Alte Jäger
24/04/2023

Et geet weider mat engem voll gepaakte Programm an dräi Invitéen. Den CHAiLD an den Turnup Tun hunn dat 7.Lidd aus der Serie "Eis Stëmmen" geschriwwen a produzéiert. D'symphonesch Metal Band ShadoWhispers erziele vun hirem konzeptuellen Album "Poe" dee se am Kader vun hirem Projet "Don't Be Poe" produzéiert hunn, an de Chris Reitz presentéiert e Samschden am Ale Stadhaus zu Déifferdeng säin neie Projet, fir deen hien d'lescht Joer an Island gereest war. Fir Ofwiesslung ass gesuergt.
