Maischi Tibesart – Gratin à la Luxembourgeoise

D'Anne recréeeirt dem Maischi Tibesart säin Kachkéisgratin aus dem Joer 2002

Gratin à la Luxembourgeoise

Maischi Tibesart

Fir 6 Persounen

2kg festkachend Gromperen
20g Gänsefett
500ml Mëllech
15g Botter
1 Strull Kachkéis (250g)
1 Eegiel
100g Speckgréiwen
150ml Rahm
50g Schwäizerkéis
Salz, Peffer, Muskatnoss

D’Gromperen schielen an an dënn Schéiwen vun 3mm schneiden.
An en Dëppen zesummen mat der Mëllech ginn. Mat Salz, Peffer, an e bessi Muskatnoss wierzen, an dat ganzt fir 5 Minutten kachen loossen.
Währen där Zäit de Botter an enger klenger Casserole schmëlzen. De Kachkéis mat 50ml Waasser dobäi ginn an dat Ganzt op klenger Hëtzt schmëlzen loosen. Zum Schluss d’Eegiel ënnermëschen.
D’Gréiwen mat e bessi Gänsefett ubroden bis se ufänken Farw ze kreien.
De Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen.
Eng Gratinsform mat Gänsefett besträichen.
D’Haltschegt vun de Gromperen mat der Mëllech an d’Form ginn, dann d’Haltschegt vun der Ram driwwerschëdden an d’Haltschegt vum gerappten Kéis drop verdeelen. De Kachkéis driwwerschëdden an mam Rescht Gromperen, Ram a Kéis bedecken.
D’Gréiwen iwwert de Gromperen verdeelen.
De Gratin 50 Minutten am Schäffchen baken – dobäi en Aan drophaalen an de Gratin mat Alufolie ofdecken wann d’Gréiwen ze donkel ginn.
Mat enger Zalot zerweieren.