Monica Camposeo: Keng nei Normalitéit, mä en Interim
20/10/2020

Zanter 7 Méint liewe mir elo schonn an enger neier Normalitéit. D’Maske gehéieren zum Alldag. An all Posch oder Täsch huet een eng kleng Fläsch Desinfektiounsmëttel. Ma et ass dach awer net alles schlecht. Ëmmerhin hu mir gemierkt, wéi wonnerbar dach sou villes digital funktionéiert. Et kéint ee sech dru winnen, oder? Ma genee dat, dierfe mir net, fënnt d’Monica Camposeo a sengem Commentaire.
