iTunesSpotifyRSSApple Share
Kloertext (Podcast)
D‘Emissioun vum Caroline Mart elo och am Podcast.
Play

Play episode

Ukrain: 2 Joer Krich a keen Enn an Aussicht?
D‘Emissioun vum Caroline Mart elo och am Podcast.
Play
22/02/2024

Ukrain: 2 Joer Krich a keen Enn an Aussicht?

Déi séier Victoire, déi de Putin sech erhofft hat, war et net, d’Ukrain hält dem russeschen Aggresseur nach ëmmer d’Stier, d’Fro ass just wéi laang nach.
Play
25/01/2024 (1h 2m)

Kënschtlech Intelligenz: grouss Chance oder enorm Risiken?

Mat an der Ronn souzen och Leit, fir déi d'KI aus hirem Betrib net méi ewechzedenken ass.
Play
11/01/2024 (1h 8m)

Heeschen: Belästegung oder Mënscherecht?

Wéi kann een aggressiivt an “normaalt” Heeschen ënnerscheeden? Gëtt et méi Aarmut oder zitt Lëtzebuerg Heescherten un?
Play
07/12/2023 (1h 0m)

(Welt)-Klima retten ouni ze nerven, wéi geet dat?

Op wéi engem Planéit mir an Zukunft liewen an iwwert Zukunft vun de fossille Energien diskutéieren eng 197 Staaten op der COP28, ausgerechent an der Wüüst.
Play
23/11/2023 (1h 20m)

Iwwerzeegen d'Regierungserklärung an déi nei Ekipp?

Et goung ëm d'Regierungserklärung vum Premier Luc Frieden an ëm déi nei schwaarz-blo Ekipp. Eng Ekipp, mat där d'Oppositioun net immens zefridden ass.
Play
09/11/2023 (1h 2m)

Rout-Gréng an der Oppositioun: Firwat a wéi?

Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.
Play
26/10/2023 (58m 1s)

Brauche mir eng méi strikt Flüchtlingspolitik?

Sinn Europa a Lëtzebuerg mat enger neier Well u Flüchtlinge konfrontéiert? Ass et e logisteschen oder méi e politesche Problem?
Play
05/10/2023 (1h 4m)

Méi a méi séier bauen: Wéi, wien a wou?

Mir sinn zu 70% eng Natioun vu Proprietären, nach, mee ass dat och an Zukunft méiglech an néideg?
Play
28/09/2023 (1h 8m)

Wéi gerecht ass eise Steiersystem?

Am Kloertext geet et dëst Kéier ëm d'Steieren an d'Kafkraaft am Grand-Duché.
Play
21/09/2023 (1h 6m)

Eng Schoul fir all Kand oder Offer op Mooss?

Am Kloertext goung et dës Kéier ëm d'Visiounen, déi déi verschidde Parteien fir d'Schoul hunn.
Play
14/09/2023 (1h 9m)

Wéi ee Gesondheetssystem brauch d'Land?

Jidderee sollt Zougank zum bescht méigleche Traitement hunn. Gëtt eise Gesondheetssystem deem gerecht oder besteet schonn eng Zwou-Klasse-Medezin?
Play
07/09/2023 (1h 8m)

Landesplanung: Wéi soll Lëtzebuerg sech entwéckelen?

Mir wiele Politiker, déi déi nächst 5 Joer d'Geschécker vum Land leeden, mee déi mussen d'Wäiche stellen, wéi d'Land sech an Zukunft entwéckelt
Play
06/07/2023 (56m 45s)

Walen am Oktober: méi wéi jee en oppent Resultat?

Et gi spannend Walen am Hierscht! Onse Politmonitor confirméiert, dass sech déi dräi grouss Parteien ëmmer méi e Kapp u Kapp Renne liwweren.
Play
15/06/2023 (53m 57s)

Eis Bezéiung zum Iessen: entspaant oder verkrampft?

Net just Obesitéit, mä och Iessstéierungen huele massiv zou... Firwat ass en entspaant Verhältnes zum Iessen an dem Kierper esou schwéier?
Play
08/06/2023 (1h 25m)

Stad Lëtzebuerg: Déi bescht Gemeng fir ze liewen?

Am Kloertext geet et ëm d'Gemengewalen an eng grouss Stater Ronn.
Play
25/05/2023 (59m 27s)

Parallel Multikulti-Welten? Liewe mir mateneen oder niefteneen?

Nach ni war et sou liicht, wielen ze goen, mä grad emol 20 Prozent Net-Lëtzebuerger maache mat.
Play
04/05/2023 (1h 1m)

Liewe fir ze schaffen oder schaffe fir ze liewen?

Wat ass de Stellewäert vun der Aarbecht? Wéi vill schaffe mir wierklech? Wéi kennen d’Betriber attraktiv a kompetitiv bleiwen?
Play
20/04/2023 (59m 48s)

KI an der Medezin: Chancen a Geforen

De Kampf géint de Kriibs gëtt dank Fuerschung mat ëmmer neien an ëmmer méi sophistiquéierte Methode gefouert.
Play
06/04/2023 (58m 57s)

Wat ass de Sënn vum Liewen, wou fanne mir en?

Domadder verbonne war och eng Diskussioun iwwert d'Kathoulesch Kierch an d'Bedeitung, déi si fir d'Leit zu Lëtzebuerg huet.
Play
09/03/2023 (1h 3m)

Fraen: just theoretesch gläichberechtegt?

Männer verdénge méi wéi d’Fraen, a Beruff a Famill ënnert een Hutt kréien ass schwiereg an zu Laaschte vu Fraen ouni gëeegent Kannerbetreiung.
Play
23/02/2023 (58m 53s)

Logements- & Immobiliëkris: riicht an d'Mauer?

Wunnen zu Lëtzebuerg gëtt trotz Reformen, Pakten an Annoncen ëmmer méi e Luxus
Play
02/02/2023 (57m 7s)

1 Joer Krich: Keen Enn a Siicht - och kee Plang?

Wéi grouss ass de Risk vun enger Eskalatioun? Ënnert anerem ëm déi Fro goung am Kloertext
Play
19/01/2023 (1h 3m)

Ons Sprooch - Gefleegt a gefërdert oder a Gefor?

Firwat sinn d'Diskussiounen iwwert Sprooch sou emotional an och politesch zu Lëtzebuerg?
Play
08/12/2022 (57m 42s)

Jugendschutzreform am Intressi vum Jonken ?

No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.
Play
24/11/2022 (1h 15m)

D'Bierger hu vill Suergen, hunn d'Politiker d'Äntwerten?

Och zu Lëtzebuerg spiert een d'Auswierkunge vun de Multi-Krisen, trotz Aiden. Den Zesummenhalt an der Gesellschaft ass onsem neiste Sondage no kleng.
Play
10/11/2022

Fussball oder Business : Geld viru Moral?

Ronn 150 Milliarden huet de Katar investéiert. Kann een dës WM nach gudde Gewëssens kucken, a Schued se net dem Fussball?
Play
27/10/2022 (55m 44s)

Mental Gesondheet: Wierklech eng Prioritéit?

Am Kloertext froe mir Therapeuten a Patienten wéi si déi aktuell Situatioun am Beräich vun der mentaler Gesondheet gesinn a wat si fuerderen.
Play
13/10/2022 (1h 29m)

Verantwortung geholl fir d'Lag vum Land?

Am Kloertext hu mir all d'Parteien aus der Chamber gefrot, ob d'Regierung hir Verantwortung iwwerhëlt, wat hinne gefeelt huet a wat hir eege Propose sinn.
Play
29/09/2022 (53m 58s)

Tripartite: Soziale Fridden elo a Klimaschutz méi spéit?

Am Summer hunn d'Bëscher gebrannt an den Hierscht war bal hëtzeg ginn duerch explodéierenden Energiepräisser.
Play
15/09/2022 (1h 2m)

Energiekris: Zesumme spueren. Wéi, a geet dat duer?

Wéi héich klammen d’Präisser vu Gas a Stroum nach, wat bedeit et fir Stéit a Betriber, wou a wéi muss de Staat asprangen, wéi gerecht verdeelen?
Play
07/07/2022 (1h 9m)

Ass eise Steiersystem gerecht, wat muss änneren?

Déi grouss Steierreform fält aus, just punktuell Mesurë ginn erwaart, wat bréngt d'Debatt an der Chamber just virun der Summerpaus dann nach?
Play
16/06/2022 (1h 5m)

Optimal medezinesch Versuergung, just wéi?

Wat muss am Spidol, wat ka bausst de Klinicke gemaach ginn am Intressi vum Patient an ouni, dass Medezin zu engem Geschäft gëtt?
Play
02/06/2022 (1h 11m)

Politik op der Héicht vun den Defien?

Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken?
Play
19/05/2022 (1h 0m)

Wéi eng Aarbecht fir d’Zukunft a wie bestëmmt se?

Krise sinn e Booster fir Verännerungen. D’Pandemie war et fir ons Aart a Weis ze schaffen. Elo soll den Teletravail och eng Léisung fir d Energiekris sinn
Play
05/05/2022 (1h 10m)

20 Joer Télévie: D’Hoffnung huet eng Chance!

Kriibs ass keen Doudesurteel, mee eng Kränkt, mat där mir all direkt oder indirekt an der Famill konfrontéiert gi wäerten.
Play
21/04/2022 (1h 11m)

Le Pen - Macron: Schicksalswal och fir eis?

Eis Nopere wielen e Sonndeg hiren neie President oder Presidentin, ma déi 48 Millioune Walberechtegt decidéieren net just iwwert d'Politik a Frankräich.
Play
24/03/2022 (54m 35s)

Klima a Krichszäiten: keng Urgence méi oder grad elo?

Si mat de Bommen och eis Illusioune gefall oder ass de Krich eng Chance fir d'Transformatioun a puncto Klimapolitik?
Play
10/03/2022 (1h 38m)

Krich an Europa, Milliounen op der Flucht: Wat maachen?

En Donneschdeg goung et am "Kloertext" ëm déi russesch Invasioun an d'Ukrain a d'Fro zu de Flüchtlingen a wéi hinne ka gehollef ginn.
Play
24/02/2022 (1h 9m)

Krich an der Ukrain: Wéi wäit geet de Putin?

En Donneschdeg goung et am "Kloertext" ëm déi russesch Invasioun an d'Ukrain a wat de Westen nach maache kann, fir d'Situatioun z'entschäerfen.
Play
10/02/2022 (1h 14m)

Aus der Geschicht Léieren zéien

D'Erënnerungskultur ronderëm den Zweete Weltkrich an de wichtege Rôle vun Historiker an deem Kontext.
Play
27/01/2022

Autosfestival an Elektromobilitéit

Et ass Autosfestival, mä wat kafen? D'Veronsécherung bei de Leit ass grouss.
Play
13/01/2022 (1h 31m)

Impfflicht - Pro a Kontra

Féiert ons eng Impfflicht aus der Pandemie? Bréngt se Rou an d’Gesellschaft oder de Géigendeel?
Play
16/12/2021 (1h 15m)

Covid-Demonstratiounen

"Fräiheet" a "Mir sinn d'Vollek" ruffen d'Manifestante géint Covidmesuren an Impfen.
Play
02/12/2021

Sexuelle Mëssbrauch a seng Konsequenzen

Zwou Fraen, déi mëssbraucht goufen zielen, wat et mat hinne gemaach huet, hire Kampf, fir an d’Liewen zréckzekommen.
Play
19/11/2021 (1h 31m)

Ferm Datz am Politmonitor

D'Resultater vum neiste Politmonitor vun TNS Ilres, deen RTL zesumme mam Lëtzebuerger Wort an Optrag ginn hat.
Play
08/11/2021 (1h 10m)

Ass d'Politik nach glafwierdeg?

En Donneschdeg den Owend goung et ënner anerem ëm d'Fro, wat et haut brauch, fir glafwierdeg ze sinn als Politiker. Wie soll dat jugéieren a wéi?
Play
21/10/2021 (1h 18m)

Impfen: fräiwëlleg gezwongen?

D'Caroline Mart, d'Paulette Lenert, d'Nora Back an den Dr Gérard Schockmel schwätzen iwwer de CovidCheck
Play
15/10/2021 (1h 29m)

Spezial Etat de la Nation

Deputéiert hunn iwwer d'Ried zur Lag vun der Natioun geschwat
Play
23/09/2021 (1h 4m)

Klima-Urgence: Experte warnen, Jonker streiken!

An der Emissioun geet et ënnert anerem ëm den neiste Rapport vum Weltklimarot, Wiederextremer a Klimaziler.
Play
09/09/2021 (1h 6m)

20 Joer Afghanistan-Asaz an EU-Sécherheetspolitik

An der Emissioun goung et ëm d'EU-Sécherheetspolitik an d'Lag no 2 Joerzéngten Afghanistan-Asaz.