Episod 4 - Beim André zu Singapur

An eiser Serie “Lëtzebuerger am Ausland” hëlt den André Di Prospero eis mat a Singapur. E Reportage vum Yves Trevalec.

Zu Lëtzebuerg huet hie bei Médecins Sans Frontières geschafft, war souguer eng Zäit laang President vun der Associatioun. Duerch seng Aarbecht ass e vill ronderëm d’Welt komm, ma virun 9 Joer huet hie sech zu Singapur néiergelooss, mat Fra a Kand. Mam Yves Trevalec huet den André iwwert seng Zäit zu Lëtzebuerg an iwwert säi Liewen an der Millioune-Metropol geschwat.