Episod 3 - Beim Paul Werné zu Abu Dhabi
Abu Dhabi ass bekannt als Luxus-Destinatioun, a virun allem beléift als Dages-Ausfluch vun Dubai aus. E Reportage vum Yves Trevalec.
De Paul Werné awer nennt Abu Dhabi säin neit Doheem. Virun 8 Joer huet hie sech do néiergelooss a schafft aktuell fir Etisalat, den nationalen Telekommunikatiouns-Operateur. Vun de wäisse Plagen a schicken Akafszentren kann hien also all Dag profitéieren. An eiser Serie “Lëtzebuerger am Ausland” erzielt de Paul eis méi iwwert säi Liewen zu Abu Dhabi, weist eis déi bekanntste Moschee an hëlt eis mat an déi gréisst Sandwüst vun der Welt. Den Yves Trevalec huet hien dobäi begleet.
