Episod 5 - Schweden am Summer mam Peggy a mam Philippe
Eng sécher Aarbechtsplaz opginn, Famill a Kolleegen zréckloossen, an an engem anere Land een neit Liewen ufänken. E Reportage vum Yves Trevalec.
Dat hunn d’Peggy Schroeder an de Philippe Jentgen gemaach. Virun zwee Joer si sie a Schweden geplënnert a hu sech an eng nei Aventure gestierzt. Vill Aarbecht a Suen hu sie investéiert fir hire Projet ze realiséieren, fir dat ze maache wat hinne gefällt. Wéi sie sech a Schweden agelieft hunn a wat dëst Land alles ze bidden huet, hu sie dem Yves Trevalec gewisen.
