Episod 2 - Christian Bauer

De Lëtzebuerger Restaurateur huet sech op eng geschäftlech Aventure an de Kuala Lumpur gewot.

An eiser Serie vun de Lëtzebuerger am Ausland verschléit et eis op den asiatesche Kontinent. Zu Kuala Lumpur ass nämlech de Christian Bauer doheem, dee sech scho vu klengem u fir d’Kache begeeschtere konnt. 5 Restaurante geréiert hien a Malaysien, dat mat 80 bis 100 Mataarbechter. Hien ass domadder net nëmmen de Chef an der Kichen, mä och a senger Entreprise, wann et drëm geet, seng Restauranten ze managen. Den Yves Trevalec war de Restaurateur besichen.