Episod 3 - Jeanne Hames ( Deel 1)

Fir eis Serie Lëtzebuerger am Ausland huele mer Iech dës Kéier mat a Polynesien.

D'Jeanne Hames ass am Alter vu 25 Joer an e Sportfliger geklommen an huet sech an d'Aviatioun verléift. Haut flitt si selwer do, wou munch Leit dovunner dreemen. D'Jeanne huet d'Decisioun getraff, fir hir Pensioun a Polynesien ze genéissen. Mir huelen Iech an dëser Reportage mat op Plazen, déi Verschiddener just vun de Postkaarte kennen. Den Yves Trevalec konnt sech perséinlech dovun iwwerzeegen.