Episod 2 - Gilles Ruppert zu San Francisco
De Gilles Ruppert schafft zu San Francisco un der Zukunft vun de soziale Medien.
2014 huet hie bei Facebook ugefaangen, zënter 7 Joer leet hien eng Ekipp vu Software-Ingenieure bei Meta. A sengem Departement gi virun allem Produite ronderëm d’virtuell Realitéit entwéckelt. Ma dem Gilles Ruppert säin Dram als Jugendleche war et, eng Karriär an der Musek-Welt ze hunn. Datt hien elo am Tech-Beräich schafft a sech zesumme mat senger Famill ee schéint Liewen zu San Francisco opgebaut huet, hätt hie virun e puer Joer net geduecht. Een Abléck an den American Dream vum Lëtzebuerger Gilles Ruppert.
Journalist: Yves Trevalec