Episod 3 - Christian Bohler
Et geet eng weider Kéier an Thailand. Mir hunn de Christian Bohler zu Bangkok besicht.
Hien ass do Chefkach an huet sech scho viru laangem an dat asiatescht Land verléift. Hei fillt hie sech doheem a ka seng Passioun op all Eck ausliewen. Street Food fënnt een iwwerall an de Stroossen an eng Besonneschkeet bei den Thailänner. Si hu keng fest Iessenszäiten. Giess gëtt dann, wann een Honger huet. An de Christian Bohler hëlt eis och nach mat op eng eenzegaarteg kulinaresch Experienz an den éischte Busteraunt vun der Welt.
Journalist: Yves Trevalec