Episod 3: 1906 Jean Pommerelle - Péitruss
E Verbriechen am beléiften Quartier vun der Péitruss bréngt eng schrecklech Wourecht un d’Liicht, déi d’Schicksal vun enger ganzer Famill verännere kéint.
An engem Park matten am Zentrum vun der Stad gëtt e maltraitéierte Kierper ouni Kapp fonnt.
Et ass e vun de brutaalste Verbrieche säit ganz laanger Zäit.
D'Affer ass net einfach ze identifizéieren: Seng Pabeiere goufe geklaut a keen huet et als vermësst gemellt...
Den Albert an de Léon sinn zwar elo eng Ekipp, mee hir Zesummenaarbecht ass nach an der Ufanksphas a wärend dësem schmeiere Summer si si alle béid extrem ugespaant.
