Episod 4: 1909 Theodore Colbach - Biebereg

E Mann zu Onrecht ugeklot? D’Ermëttler geroden an dëser komplexer Affär an e Labyrinth vu falsche Spueren a géigesätzlechen Zeienaussoen.

De Blechschléier vu Biebereg, westlech vun der Stad, gëtt vu sengen Noperen dout a sengem Zëmmer fonnt.

Hie gouf mat Himmer an Aaxten ermort, mee et gëtt keng Abrochspueren.

De Pensionnaire, den eleng gelieft huet, hannerléisst e Verméigen, mee fir wien?

D'Awunner vum Duerf verdächtege séier den Duerfschmadd. Och déi national Press hält hie fir den ideale Schëllegen, mee seng Motiver bleiwen onkloer. Den Albert muss eleng no Äntwerte sichen, nodeem de Léon d'Brigade criminelle verlooss huet.