Bagger a Brecken
27/10/2013
Do kënnt een net all Dag hin...
Mega-Schantchen Nordstrooss. Wat ass bis elo geschitt? Wat bleift nach ze maachen? A firwat brauche verschidde Ventilatoren am Tunnel souvill Stroum wéi eng kleng Uertschaft? De Schantchen vun der Maacher Bréck wor an den Délaien fäerdeg. Mir weisen firwat des stole Konstruktioun kuerz virun der Ouverture un d’Wackele koum. De Mister Science hänkt sech un eng Bréck aus Pabeier. A mir klammen an de Pilier vun der Hesper Bréck! Honnert Meter iwwert der Uelzecht.
