Oh wat e Knascht

19/01/2014

Eisen Offall: Verbrennen, deponéieren, exportéieren?

Jidderee mécht es, mee déi mannst wëllen eppes domat ze dinn hunn! Offall. Zu Leideleng gëtt eise Knascht verbrannt. Mee wéi? A wat bleift no der Verbrennung iwwereg? Bei villen Dreckskëschten kinnt ee spueren. Wat geheie mir ewech dat een och nach recycléiere kinnt. A wéi ee Recycling ass ökologesch sënnvoll. De Mister Science vermëscht wat net zesumme gehéiert. An dat ka geféierlech ginn. Mam alen Héichueweschlamm um Belval muss och fort. Mee wouhin? A mir erliewen eng stresseg Fréischicht mat de Männer vun den Dreckskiwwelen!

iTunes