Zockerséiss

02/02/2014

Déi schéin a batter Säit vum Zocker.

Se si kleng, faarweg an zockerséiss. Am Pisa weise mir wéi Kamelle gemaach ginn. Beim Confiseur ass alles 100% Handaarbecht! Hie mécht e Schwan aus purem Zocker. De Mister Science wëll dat wäisst Gold austricksen. Wéi kann ee séisse Sirop drénken, ouni datt den Zocker am Blutt direkt an d’Luut schéisst? An an engem Experiment moosse mir wéi eise Bluttzockerspigel sech verännert. Jee nodeem wat een drénkt, ësst oder mécht.

iTunes