Plastic Fantastic
12/10/2014
Gënschteg, praktesch, knaschteg: firwat u Plastik net alles gutt ass!
Akafen ouni Plastik, geet dat? Jo! An engem neie Buttek zu Berlin. Original unverpackt heescht d’Konzept an d’Cliente si begeeschtert. Mee giff dat och zu Lëtzebuerg goen. Mir hunn et getest. Plastik a Spillsaache ka gëfteg sinn. Op wat muss een oppassen? D’Ozeanen erstécke scho laang am Plastik-Offall. E jonken Hollänner huet lo awer vläit eng Léisung fonnt wéi een de Plastik aus dem Waasser eraushuele kann. An de Mister Science mécht Bioplastik dee sech an der Natur zersetzt.
