60 Stonnen ouni Schlof
26/10/2014
Dräi Deeg an zwou Nuechten waakreg bleiwen, den Challenge vum Joer!
60 Stonnen um Stéck net schlofen. Dat war den Challenge. Am Pisa haut de grousse Schlof-Resistenz-Test. Dräi Deeg an zwou Nuechte ouni Schlof! Mat wéi engen Tricken packt een dat? A wat mécht et mat eisem Kierper? Wéivill Schlof brauch de Mënsch? Sinn d’Stonnen viru Mëtternuecht wierklech déi wichtegst? A kann een duerch ze mann Schlof stierwen? No zwou waakregen Nuechten kënnt een op alle Fall ferm no u seng Limiten.
