Batter-Séiss

16/11/2014

Mat Kakaobounen op Weltreess a puer Wourechten iwwert de Schockela.

E bësse Südséi-Feeling fir dat killt Lëtzebuerg. An dësem Pisa geet et op d’Kakao-Plantage a Brasilien. De bekannte Chocolatier Marcolini sicht sech hei selwer seng léifste Bounen eraus. Fir de beschte Schockela. Mee wéi gëtt et e gemaach, wat kënnt alles dran an ass schwaarze Schockela wierklech méi gesond? De Mister Science wëll beweisen, datt Schockela net glécklech mécht a mir probéieren e schockelas Lëppestëft.

iTunes