De Catani am Drill
30/11/2014
Den Olivier "quält" sech duerch d'Grondausbildung an der Arméi!
Egal op am Drill. Um Parcours naturel. Oder kamoufléiert am Bësch! D’Grondausbildung an der Arméi ass näischt fir Memmen! Wat mussen d’Rekruten iwwert sech ergoe loossen? Wat sollen se léieren? A wéi ass den Training mat der Waff? De Mister Science erkläert wéi militär-ähnlech Kryptéier-Methoden och eisen Alldag méi sécher maachen a mir weisen mat wéi engem Material d’Zaldote haut schaffen. Den 1. Dezember kritt d’Arméi en neie Generol. A schonn haut am Pisa vläit en neie Rekrut!
