Et geet och ouni Kommunikatioun
01/02/2015
Wéi wier eis d'Liewen wa mer näischt kéinten héieren a soen?
Kéis kafen ouni eppes kënnen ze héieren oder ze soen! Geet dat? Oder wéi schwéier ass et? Am Pisa mécht den Olivier d’Experiment. A léiert dobäi d’Nicole Sibenaler kennen. Hatt ass vu Gebuert un daf a gëtt dem Olivier e Crashcours a senger Gebäerdesprooch. A wann ee sech mat Wierder ausdrécke kann? Wat soen, wann d’Frëndin permanent ze spéit kënnt oder beim Bäcker ee sech vir dréckt. An de Mister Science test an engem Kommunikatiounsspill wat geschéie kann wann zwou Kulturen mat total verschiddenen Verhalensregelen openeen treffen.
