Séisst Gold vun der Natur
11/06/2017
Wéi d’Beien Hunneg maachen a wat se zu Lëtzebuerg géint d’Varrao-Milb ënnerhuelen.
Et si mat déi faszinant s Liewewiesen déi et ginn. D’Beie produzéieren awer net just Hunneg. Si bestäuben och d’Planzen. A vill vun deem wat mir iessen géif et ouni d’Bestäubung vun de Beien net ginn. Am Pisa gi mer méi gewuer iwwert des faszinant Déieren. Wéi se liewen, firwat se fir d’Mënschen sou wichteg sinn a wéi Beie geziicht ginn, déi resistent sinn géint déi fir d’Beien sou geféierlech Varroa-Milb.
