Schong voller Féiss
22/10/2017
Wéi eng Schong fir eis am beschte sinn a wat eis Féiss sou besonnesch mécht.
Eist ganzt Gewiicht an alles wat mir droen, laascht op eise Féiss a Schong. Am Pisa weise mir wéi mer duerch e perfekt Zesummespillt vun eise Schanken am Fouss stoe bleiwen, wéi d’Féiss sech am Laf vun der Zäit aus Platt- an Huelféiss verwandelen. De Mister Science wëll erausfannen op ee wierklech mat plakege Féiss iwwer Kuele goe kann. Mir maachen e Buerféiss-Trëppeltour duerch de Bësch, froe beim Orthopäd op et de perfekte Schong iwwerhaapt gëtt a firwat mer alleguer net genuch buerféiss ginn.
