Chantier 3.0

26/11/2017

Wéi déi digital Revolutioun och d’Aart a Weis wéi mir bauen verännere wäert.

Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur s-Büro kontrolléieren op d’Attachen wou d’Tam-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser Scanner. Am Pisa “Chantier 3.0.” weise mer déi dat funktionéiert a wéi ee mat sou engem Scanner an Null Komma Nix ganz Gebaier vu bannen a baussen opmoosse kann. Mat enger Drone kann een och ganz Lotissementer einfach vermoossen. Mir erklären wat un dëser Technik speziell ass. Gesinn wéi Bauaarbechter op engem virtuelle Chantier op potentiell Geforen opmierksam gemaach ginn a froen no wéi realistesch et ass, datt eis Haiser an Zukunft aus engem 3D Printer kommen.

iTunes