Zauberwelt Luucht

21/01/2018

Luucht-Experimenter déi een un d’Staune bréngen a wéi d’Liicht eise Kierper positiv an negativ beaflosse kann.

Ouni Luucht, kee Liewen. Grad elo an der däischterer Zäit vum Joer brénge mir am Pisa e bësse Liicht an den Alldag. Weise wéi verschidde Raim ganz anescht wierken, jee nodeem wéi se beliicht sinn. A wéi eng Beliichtungsfeeler een net maache soll. Ze vill Luucht ass och net gutt. Duerch Liichtverschmotzung gëtt den Himmel Nuets ëmmer méi hell. Mir kucken wéi dorënner net just Planzen an Déiere leiden, mee och mir Mënschen. A wat se an der Stad Lëtzebuerg géint Liichtverschmotzung ënnerhuelen. An da maachen den Olivier Catani a Mister Science puer Luucht-Experimenter. Si loossen d’Waasser de biergop lafen. Maachen eng “geféierlech” Blacklight-Show. An de Joseph projezéiert sech als Hologramm a Liewensgréisst.

iTunes