Blot Gold – Ouni Waasser kee Liewen

04/03/2018

Wou kënnt eist Krunnewaasser hir, wéi gëtt et behandelt a wéi kann ee säi Goût veränneren?

Mir klammen an ee vun de gréissten Drénkwaasser-Bassengen zu Lëtzebuerg. A weisen wéi a firwat se dee regelméisseg musse botzen. Kucke wéi opwenneg et ass wann een eng Quell unzape wëll. Testen op Krunnewaasser iwwerall selwecht schmaacht. Weise puer Tricker wéi ee säi Goût verbessere kann. An de Mister Science demonstréiert wat den Drock vum Waasser alles bewierke kann.

iTunes