De Promi-Spot - Episod 4: Mam Edsun
Haut si mer fir de "Promi-Spot" zu Déifferdeng am 1535 Creative Hub. Do ass nämlech d'Liblingsplaz vum Lëtzebuerger Artist Edsun.
De Kënschtler Edsun huet am 1535 Creative Hub scho vill Stonne geschafft. Elo kéint ee soen, wéi kann d'Schaffplaz och d'Liblingsplaz sinn? Dat froe mir den Artist dofir och direkt selwer. Hien lieft seng Musek an d'Danzen eben, an dofir ass hien och gären ob deene Plazen, wou hien sech verwierkleche kann.
