Relance Tourismus

Relance Tourismus
Play

„Restart Tourism“ - dat ass d'Iwwerschrëft vum Plan de relance, deen den Tourismusminister Lex Delles de Moie presentéiert huet. Ee Volet vun deem Plang ass den Tourismusfong, dee geschaaft gëtt fir deene sëllechen Asblen a Syndicats d'initiative ze hëllefen, déi hei am Grand-Duché touristesch Attraktiounen an Infrastrukture geréieren an ënnerhalen. D'Maxime Gillen huet sech dowéinst op de Wee a Richtung Musel gemaach an eng ganz jonk Asbl getraff, déi dës Kris e bëssen ausgebremst huet.