Traurege Bilan: Gewalt am Stot

„D'Gewalt am Stot ass e Problem vun der ganzer Gesellschaft!“ an „Mir ware positiv erstaunt, dass et am Confinement keng signifikativ Hausse vun där Gewalt gouf!“: Dat waren zwou Aussoen, de Moien, op der Pressekonferenz zu den Zuele vun zejoert a vun der Corona-Zäit, bis elo, wat d'Violence domestique ugeet.849 Polissinterventiounen an 265 Expulsiounen am Joer 2019 entspriechen all Kéiers engem Plus vu ronn 15% par Rapport zu 2018. Bei den Asätz vun der Police goufen 1.337 Affer (an der Haaptsaach Fraen) an 1.206 Auteuren (v.a. Männer) gezielt, a bei de Wegweisungen 283 Affer (absëns Fraen). Et sinn zejoert och 3 Leit duerch sou Gewalt gestuerwen, zwou Fraen an e Mann.
