EMA AstraZeneca etc

Ganz Europa huet haut mat vill Spannung op d'Europäescher Medikamentenagence zu Amsterdam gekuckt, déi hire Verdikt iwwert de Covid-Vaccin vun AstraZeneca fir haut de Mëtteg annoncéiert hat. No den Nouvellen vun Thrombosefäll bei Persounen déi rezent mat deem Vaccin geimpft goufen, haten eng 15 europäesch Länner, den Impfstoff kuerzfristeg zréckzegzunn an d'EMA eng genee Analyse annoncéiert. Am spéiden Nomëtteg huet dunn d'Experten betount, den AstraZeneca wier sécher an efficace a recommandéieren mat den Impfungen weiderzefuerenEt gëtt also kloer weider recommandéiert, d'Leit mat AstraZeneca ze impfen. D'EMA wëll an den nächste Wochen awer weider analyséieren wéi et zu de raren Thrombosen komm ass an den AstraZeneca gëtt mat enger Warnung verimpft. D'Santé hei am Land huet dann och am spéiden Nomëtteg offiziell annoncéiert, datt vu muer un nees mat AstraZeneca hei am Land geimpft gëtt.
