Affaire Dieschbourg: juristesch Explics Band

Mécht d’Chamber eng Mise en Accusation géint déi fréier Gréng Ëmweltministesch Carole Dischbourg an der Suite vun der Affär Gaardenhaischen, och nodeems dës e Freiden demissionéiert huet? Mat dëse Fro beschäftegen sech grad dësen Ament de Chamberbüro an d’Conference des Présidents. Si hunn en Avis juridique ausschaffe gelooss, fir Äntwerten op hier Froen ze kréien. En hätt déi ganz Prozedur, bei där d’Chamber soll mat engem Majoritéitsvott iwwer eng Uklo decidéieren, nach ni verstanen, ënnersträicht de fréiere Procureur d’Etat Jean Bour. D’Texter wieren nämlech net méi zäitgeméiss. Diana Hoffmann
