Campagne Distanz halen Auto/Vëlo

Campagne Distanz halen Auto/Vëlo
Play

Vëlofueren ass an de leschte Joren ëmmer méi beléift ginn, sief et an der Fräizäit oder och als Verkéiersmëttel mä d'Zuel vun den Accidenter an déi Cyclisten verwéckelt sinn klëmmt och. Virun dësem Hannergrond huet d’ Police elo eng nei Sensibiliséierungscampagne « 1,5 Meters » lancéiert fir drun z'erënneren, datt Auto’en  beim Iwwerhuelen op mannst anerhallwe Meter Distanz zum Vëlo hale sollen. Sou steet et och zënter 2018 am Code de la Route. Fir d’Campagne huet sech d’Police Ënnerstëtzung beim Iechternacher Lycée gesicht. Sabrina Backes