Optakt Serie Luxbg in Transition Band

Mir hunn ze vill CO2Emissiounen a versigelen ze vill Buedem ! Dat huet de Landesplanungsminister Claude Turmes läscht Woch op der Presentatioun vum sougenannten « Luxembourg in Transition » betount. 4 Ekippen hunn iwwer eng Partie Méint un Iddien, Projeten a Visioune geschafft, wéi Lëtzebuerg bis 2050 d’CO2 Emissiounen op 1 Tonn pro Awunner pro Joer reduzéiert kritt. Eng Partie dovu stelle mer iech déi nächst Deeg an enger Serie vir. Wat genee déi Consultatioun bruecht huet a wéi et viru soll goen, doriwwer huet d’Claudia Kollwelter mam Claude Turmes geschwat :
