Calculix: Stroum-Fournisseure vergläichen

Zu Lëtzebuerg wiesselt pro Joer nëmmen ronn 1% vun de Consommateuren de Fournisseur vum Stroum a Gas. Am Ausland läit dësen Taux bei 7%. Dobäi ass et net komplizéiert de Fournisseur ze wiesselen, et kann méi bëlleg sinn oder et kann ee méi gréng Alternativen fannen. D'Fournisseure vergläichen kann een um Site Calculix.lu, e Service vum Institut Luxembourgeois de Régulation. De Moien gouf eng nei Versioun presentéiert. D'Monica Camposeo huet sech ugekuckt, waat nei ass.